top of page

De Geescht oder D’Mumm Séis – EN LUXEMBOURGEOIS

19 décembre 2023, 20h00

Grand théâtre, 1 bd Robert Schuman, 2525 Luxembourg

 

KREATIOUN VUM SAMUEL HAMEN (TEXT) AN IVAN BOUMANS (MUSÉK),AM DIALOG MAM DICKS SENGEM KOMÉIDISSTÉCK D’MUMM SÉIS ODER DE GEESCHT (1855)De Märercherszyklus pauséiert, mee e lëtzebuergescht Stéck gëtt et kuerz viru Chrëschtdag trotzdeem. Den Auteur Samuel Hamen an de Regisseur Jacques Schiltz woen sech dofir un en absolutte Klassiker, D’Mumm Séis – net zulescht, well den Dicks 2023 säin 200. Gebuertsdag feiert. Mat Schauspill, Gesang, Orchester a Chouer iwwerféiert hir Kreatioun dëst Stéck aus dem Repertoire an d’21. Joerhonnert. Der Mumm Séis hiert Haus zu Clausen steet nach ëmmer a soll elo verkaf ginn. Et gëtt just ee Probleem: De Geescht, beim Dicks just erfonnt, gëtt et wierklech. Fir sengem Spuk en Enn ze maachen, muss dʼIerwin vum Haus, zesumme mat engem Agent immobilier, zeréck an dʼ19. Joerhonnert reesen, an dʼOriginal-Handlung vum Koméidisstéck. Esou treffen op dësem Owend fir Jonk an Al Traditioun a Modernitéit, Nostalgie an Ironie, Operette an zäitgenëssesch Ënnerhalung openeen.

 

DE GEESCHT ODER D’MUMM SEIS- Club Théâtre

20,00 €Prix
bottom of page